PUB fir den Coupe-Mätsch 'HBP 1-Schëffleng 1'

Den Mëttwoch Owend 13. Dezember 2017, géint 18h30, waren de President J.Cl. Muller an den Generalsekretär Yannick Glod beim 'RADIO-TELE PETANGE ONAIR' am Studio, fir iwwert den COUPE-Mätsch 'HBP 1-HBC Schëffleng 1' vum Freideg 15. Dezember 2017 ze schwätzen.

Déi zwee HBP-Vertrieder konnten ënner anerem och deen neien Trainer Slobodan Colovic, den Härekader, déi nächst HBP-Manifestatiounen an den Club am Allgemenge virstellen.

Merci den Moderatoren Alain a Patrick fir déi flott Emissioun!