DE KLEESCHEN BEIM 'HB PEITENG'

Den Donneschdeg 30. November 2017 hunn den Kleeschen an den Housecker den U7-, den U10- an den U12 Kanner een onerwaarte Besuch gemaach.

D'Kanner hu gestaunt a ware frou, dat deen hellege Mann och u si geduecht hat. Voller Freed hunn si deenen zwee Gäscht ee schéint Lidd gesongen.

De Kleeschen an den Housecker hunn sech gefreet. Als Merci kruet jidder bravt Kand eng Tiitchen voller gudder Saachen a keng Rutt.

Och de President, de Comité an Traineren goufen vum Kleeschen belount. No dëser schéiner Iwwerraschung hunn Kanner dem Kleeschen an dem Housecker Äddi gesot a versprach während der ganzer Saison gutt ze trainéieren an och ëmmer op den Turnéieren dobäi ze sinn.

Bis d'nächst Joer, léiwe Kleeschen an Housecker!