Journée des Méritants 2017

David GYAFRAS an Guy MOLITOR
David GYAFRAS an Guy MOLITOR

Den 16. 0ktober 2017 hat den Schäffen- a Gemengerot op ' JOURNÉE des MÉRITANTS '  an den ' Centre de Loisirs ' op Lamadelaine  agelueden.

Niewent dem Optrëtt vun zwou Artistegruppen, goufen Veräinsmemberen mat 30 Joer Aktivitéit an hierem Comité an och eenzel Sportler/-innen a Veräinsequippen fir hir Leeschtungen geéiert.

Vum ' HB PÉITENG ' goufen bei dëser Feier och zwee bescht bekannten Memberen speziell geéiert:

den David GYAFRAS  als beschte 'Buteur' vum Handballchampionnat 2016/17 an                         den Guy MOLITOR mam 'MÉRITE SPORTIF 2017'.

 

Den David GYAFRAS, deen säit  der Saison 2013/14 an der éischter Härenequipe vum HBP spillt, hat um Enn vun der Saison 2016/17  195 Goler geschoss. Hien war och schonn an der Saison 2015/16 beschte ' Buteur '!

 

Den Guy MOLITOR huet seng Lizenz den 20.06.1972 beim HBP ënnerschriwwen an ass säit dësem Datum ouni Ennerbriechung am ' Handball Péiteng ' aktiv. Niewent senger Karrière als Feldspiller a Golkip, war hien och Arbitter. Hien huet bis haut , ausser President, all Posten am ' Conseil d'administration '

eng Kéier besat: Vizepresident, Sekretär, Caissier, President vun der technescher Kommissioun, Member vum ' Wisi-Cup-Organisatiounscomité '  asw.

 

De Guy ass elo deen zweeten HBP-Member, deen den ' MÉRITE SPORTIF ' iwwerreescht kruet.

Am Joer 2009  kruet de President Jean-Claude MULLER  dës Auszeechnung zougesprach.

 

* MERCI DAVID a  GUY . Eis häerzlech Félicitatiounen! *