de sedin zuzo spillt saison 2017/2018 beim 'HB péiteng'

Nom Depart vum Golkipp Andy Mauruschatt bei den "HB Red Boys", huet de Comité vum 'HB Péiteng' den Sedin ZUZO fir d'Saison 2017/2018 engagéiert.

Den 39 Joer ale Golkipp kënnt vum 'HB Red Boys', wou hien 2 Saisonen gespillt huet an 2015/16 Champion ginn ass.

Virdrunn war hien vun 2009 - 2015 beim 'HB Esch'.

Mat dëser Equipe huet hien 2 Championstitelen, 3 x Coupe de Luxembourg gewonnen an 2013 d'Finale vum 'EHF CHALLENGE CUP' an der Coque gespillt.

 

 Bienvenu Sedin au HBP et bonne chance pour la saison 2017/18!