Neien Hären 1-Trainer

Nom iwwerraschenden Depart vum alen Hären 1-Trainer Sandor RAC bei  Dammenequipe vun Toulon St-Cyr Var Handball, Division 1, huet de Comité den Slobodan COLOVIC, 54 Joer, als neien HÄREN 1- Trainer bis un d'Enn vun der Saison 2017/2018 engagéiert.

Den Bob Colovic ass an der lëtzebuerger Handballwelt keen Onbekannten méi. Hien war als Lénkshänner een vun deenen éischten 'Auslänner', déi am lëtzebuerger Handball-Championnat gespillt hunn. Seng éischt FLH-Lizenz huet hien beim 'HBC Bascharage' ënnerschriwwen. Duerno war hien nach Spillertrainer beim 'HB Péiteng' an beim 'HB Iechternach'. Nodeems seng Carrière  als Spiller eriwwer war, gouf hien Trainer beim Chev Dikrech, beim 'HB Käerjeng' a  beim 'HBC Schëffleng' .                       Ier hien virun 2 Joer nees op Lëtzebuerg zeréckkomm ass, huet hien e puer Joer laang  a Serbien eng Equipe aus der 2. Liga trainéiert.

Mir wënschen dem Bob Colovic 'bonne chance' a vill Erfolleg mat den Hären 1 am Championnat an an der 'Coupe de Luxembourg'.