(Klickt op Bild fir Noriicht ze liesen)

Nei Verstärkung fir d'Hären 1 vum "HB Péiteng" : Radek HORÁK

De Comité vum "HB Péiteng" ass frou, een neie Spiller fir d'Hären 1 virstellen ze kënnen: den Radek HORÁK

Den 31 Joer alen an 1,94m groussen tcheschechen Réckraumspiller an excellenten Verteideger kënnt vum franséischen D2 Proligue Veräin"GRAND NANCY MÉTROPOLE HB", wou hien 5 Saisonen (2012-2017) gespillt huet.

Seng Handballkarriär um héijen Niveau huet den R. HORÁK beim "HC DUKLA PRAHA" ugefangen, wou hien bis ENN 2011 gespillt huet. An der Saison 2010/2011 ass hien mat dëser Equipe tcheschechen Champion ginn.

 

Vum Januar 2012 bis Enn Juni 2012 war hien Spiller vun der franséischer Profisequipe "US IVRY HANDBALL", ier hien bei den "GRAND NANCY MÉTROPOLE HANDBALL" gewiesselt ass.

Den R. HORÁK huet och 27 Mätcher fir tschechech Nationalequipe gespillt.

 

Bienvenu Radek au HBP et bonne chance pour la saison 2017/18!