U10 TURNÉIER beim HBP (18.03.18)

De Sonndeg 18. Mäerz 2018 hat den 'HB Péiteng' am Kader vum FLH -Programm een U10 TURNEIER mat 5 Equippen      (HC Bierchem, HB Esch, HB Péiteng,       HB Red Boys, HC Réiden ) organiséiert. Net manner wéi 15 Equippen hunn vun 09h30 bis 12h00  60 Mätscher gespillt. Mat grousser Freed a Begeeschterung hunn déi jonk Handballspiller ënnert den Aen vun hieren Elteren an Traineren Handball gespillt. D'Turnéier stung ënnert dem neien FLH-Motto ' WE LOVE HANDBALL'.

MERCI dem Organisatiounsstaff ënnert der Leedung vum Nathalie Weibel-Grevenig, den HBP-Traineren, deene jonken HBP-Arbitteren ënnert der Leedung vum Yannick Glod, dem HBP-Buvetten-Team, den Elteren fir hier Präsens an allen U10-Handballspiller/-innen fir deen flotten Handballmoien.