09.04.2020
D'FLH trëfft wichteg Entscheedungen mat de Veräiner
¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨
Den 8. Abrëll huet d'FLH sech an enger Videokonferenz u seng 15 Veräiner gewannt fir ze kucke wéi et weider geet.
Dobäi ass eestëmmeg festgehale ginn, dass de Championnat 2019-2020 gestoppt gëtt.
Och hunn d'Veräiner sech dofir ausgeschwat, dass Esch Champion bei den Hären a Käerjeng Champion bei den Damme solle sinn.
Fir d'Coupe d'Europe hunn sech bei de Männer Esch (Euroleague), d'Red Boys, Diddeleng a Bierchem (all EHF-Cup) qualifizéiert, a bei den Damme Käerjeng (Euroleague), Dikkrech an Diddeleng (EHF-Cup).
Op et 2020/2021 en Opsteiger gëtt an der Hären AXA-League stëmmen d'Veräiner an engem Referendum of. Beetebuerg huet d'Recht d'Dammen AXA-League ze kompletéieren.
26.03.2020
COMMUNIQUÉ de PRESSE
¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨
________________________________________________________________________________________
A V I S ( CORONA-VIRUS )
¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨
Se référant au circulaire de l'Administration communale de Pétange en date du 16 mars 2020, le conseil d'administration du
"HB Péiteng" vous informe, par la présente, que les entraînements de toutes les équipes (U8, U11, U13, U15, H 1, H
2) sont annulés à partir du 16 mars 2020 jusqu'à nouvel ordre.
Le conseil d'administration du "Handball Club vun der Gemeng Péiteng"
________________________________________________________________________________________
13.03.2020
I N F O
Communiqué
De komplette Spillbetrieb vum Handball gëtt virleefeg bis de Weekend vum 29. Mäerz ausgesat.
D'FLH recommandéiert de Veräiner och, bis dohin an alle Kategorie keen Equippentraining ze organiséieren, well Kierperkontakt och kann zu Infektioune féieren.
Mir suivéieren d'Entwécklung an de nächsten Deeg genau fir déi richteg Mesuren zäitno ze huelen.
Le programme complet du Handball est annulé jusqu'au weekend du 29 mars.
La FLH recommande aux clubs de ne pas organiser d'entraînements en équipe dans toutes les catégories pendant cette période, car chaque contact physique peut conduire à des infections.
Nous suivons la situation de très près afin de prendre les bonnes mesures dans les prochains jours.
Dr. Romain Schockmel Thierry Wagner
President Vizepresident
°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°
10.03.2020
Aktualiséiert Informatiounen zum CORONAVIRUS (COVID-19)
liesen op: Direction de la santé
°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°°
09.03.2020
Interregionalen U11-Turnéier an der Coque
De Sonndeg 8. März war an der Arena vun der Coque den éischten " Interregionalen U11 We love Handball Turnéier ".
17 Ekippen mat am ganze méi wéi 150 Kanner ware vun 11 bis 15 Auer zesumme fir e flotten Turnéier ze spillen.
Och eng Ekipp vum " HB Péiteng ' war engagéiert.
De Comité vum "Handball Péiteng" ass frou 2 nei SPONSOREN virzestellen:
56, avenue de Luxembourg BASCHARAGE
57, rue J.-F. Kennedy DÉIFFERDENG
geleed vum Här Fernand HERTERT an der Madame Sammy DEISCHTER
** D'Agence Immobilière ' MARAMAX ' ënnerstëtzt den HBP
als Veräin an d'Equipe Hären 2 **
De Comité seet ee grousse MERCI an empfeelt iech d'Firma ' MARAMAX ' vu Bascharage / Déifferdeng
an
8, rue de l'église PÉITENG
** MY STORY ënnerstëtzt d'Equipe Hären 2
**
De Comité seet ee grousse MERCI an empfeelt iech de Restaurant - Pizzeria ' MY STORY ' vu Péiteng
07.02.2020
FLYERAKTIOUN vum 'HB Péiteng' bei den Primärschoulen aus der Gemeng
Säit 3 Wochen verdeelt de Comité vum 'HB Péiteng' Flyeren un d'Schoulkanner aus deene 6 Primärschoulen vun der Gemeng Péiteng, fir se fir d'Handballspill ze begeeschteren. Déi éischt Aschreiwungen konnten d'Jugendtraineren schonn ophuelen.
Ee grousse MERCI dem "FLyerteam' fir hiren Asaz:
Brigitte KNOTEK, Romaine MAGONETTE, Patrick THINNES
18.10.2019
D'U8- an d'U11 Kanner
* D'U8 trainéieren DËNSCHDES an DONNESCHDES vun 16H00 bis 17H00 am grousse Sall vum 'Bim Diederich' zu Péiteng *
* D'U11 trainéieren DËNSCHDES an DONNESCHDES vun 17H00
bis 18H00 am grousse Sall vum 'Bim Diederich' zu Péiteng *
D'U13 Jongen, d'U13 Meedercher, d'U15 Jongen
D'U13 Jongen, d'U15 Jongen an d'U13 Meedercher trainéieren DËNSCHDES an DONNESCHDE vun 18h00 bis 19H30 am
grousse Sall vum 'Bim Diederich' zu Péiteng.
|
08.12.2020 Éischt Victoire fir den 'HB Péiteng' an der AXA League |
|
04.12.2019 De KLEESCHEN koum bei den HBP |
|
02.12.2019 Eis U11-Equippen um Turnéier beim HB Esch |
|
28.11.2019 HANDBALL ass MÉI |
|
19.11.2019 " We love Handball-Dag " an der COQUE |
|
|
14.11.2019 Den HBP um ' NIKLOSMAART 2019 ' |
|
|
28.09.2019 Gëff HANDBALLSPILLER/-INN beim " HB Péiteng " |
|
|
24.09.2019 ALUEDUNG un d'KANNER aus der Gemeng Péiteng |
|
|
06.09.2019 ' 75e Anniversaire ' vun der Befreiung vu Péiteng |