13.09.2020

Chev Dikrech - HB Péiteng 18:18  ( 3. Spilldag )

D'Gäscht vu Péiteng si vill besser aus de Startlächer komm a waren no 7 Minutte mat 3:0 vir. Dono krut Dikrech sech awer gefaangen an d'Spectateure kruten een ausgeglachene Match gewisen, bei deem d'Lokalekipp aus engem Réckstand sech e Virsprong vun 2 Goler bis d'Paus erausgespillt hunn. Dobäi kënnt nach, dass de Péitenger Charel Settinger an der 26. Minutt eng Rout Kaart krut. 10:8 stoung et an der Paus fir Dikrech.

Änlecht Bild an deenen zweeten 30 Minutten. Et ass hin an hier gaangen, a keng vu béiden Ekippe konnt sech am Laf vum Match ofsetzen. Dikrech krut et awer ëmmer méi schwéier, dëst well d'Spiller Bogdan Stoean a Cedric Dos Santos jeeweils eng Rout Kart gewise kruten. 18:18 heescht et no 60 Minutten, eng Partie bei där béid Ekippen alles op den Terrain geluecht hunn, wat an hinne stécht, mee e Gewënner sollt et zu Dikrech um Samschdeg net ginn.