De WISI-CUP vum "HB Péiteng" huet Traditioun. Zanter 17 Joer gëtt den Tournoi zu Rodange gespillt, soss war dat zu Péiteng an och de Numm war bei den 1. Editiounen en aneren.

 

Handball op der Wiss ass natierlech interessant, awer net liicht besonnesch. Di Péitenger sinn e bëssen houfreg op di 20 Editiounen. Di Péitenger Jugendlech, déi doheem gespillt hunn, freeën sech all Joer nees deen e bëssen aneren Handball ze spillen. Muenchereen huet e ganz laange Lien mam WISI-CUP zum Beispill als Spiller an elo nach als Trainer.

 

Trotz jonkem Alter si verschidde Péitenger Kanner schonn al Huesen, anerer maache fir d’éischt mat.

 

Allgemeng waren 52 Equipe present aus Lëtzebuerg, Däitschland, der Belsch a Frankräich. Ronn 530 Spiller a Spillerinnen, déi matgemaach hunn, waren tëscht 6 an 17 Joer al. D’Ekipp an de Staff vun Engelskirchen sinn iwwer 300 Kilometer gefuer fir beim Wisi-cup matzemaachen. Dat schéngt sech gelount ze hunn.

 

Di Jugendlech wëssen datt et net op der Wiss ëmm eng gëlle Kou geet, mä et gëtt sech 100% engagéiert. Souwisou ass den Handball op der Wiss komplett en aneren wéi deen an der Hal.