19.11.2019

"We love handball" Dag an der Coque (17.11.2019)

Um Sonndeg (17. November 2019) hat d'FLH op hire schonn traditionellen "We love handball" Dag agelueden.

Moies konnte ronn 100 Kanner am Alter vu 5 bis 8 Joer an 10 verschidden Atelieren beweise, wat si sportlech alles drop hunn.

De Spaass war natierlech dat wichtegst an et war fir d'Kanner och e grousst Erliefnis an der riseger Arena vun der Coque kënnen ze spillen.

Mëttes waren d'Jongen a Meedercher am Alter vun 8 bis 11 Joer am Asaz. Si hunn op 7 Terrainen iwwer 100 Matcher gespillt. De Fairplay an de Spaass um Handball waren awer méi wichteg wéi - gewannen oder verléieren.

Mat insgesamt 300 Kanner war dës Editioun erëm e grousse Succès fir FLH

 

Den 'HB PEITENG' huat mat 20 Kanner un dësem flotten Minihandballdag deelgeholl.

MERCI de Kanner, hiren Traineren an den Elteren, déi mat an der Coque dobäi waren.

U 8                                                   U11

Hei e puer Fotoen vun den HBP-Kanner aus der Coque