O4.12.2019

De KLEESCHEN koum bei den HBP

Leschten Donneschdeg 28. November  ass de Kleeschen a säi Kolleg, den Housecker , bei d'U8- an d'U11 Kanner op den Trainig an Sportshal 'Bim Diederich' komm. D'Kanner an och d'Elteren waren all iwwerrascht an hu gestaunt, wéi si deen hellege Mann gesinn hunn. Keen vun hinnen hat mat dësem Besuch gerechent.            

Den HBP-President huet déi zwee Gäscht begréisst a Merci gesot, dat si d'Kanner vum 'HB Péiteng' och dëst Joer net vergiess hunn. D'Kanner hunn dem Kleeschen dat bekannte Lidd "Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen" 2x gesongen an och gewisen, wéi gutt si schonn Handball spille kënnen. Dat huet dem Kleeschen an dem Housecker vill Freed gemaach.

Zum Schluss vum Besuch gouf et fir jidder Kand an och fir Traineren Yannick a Kevin eng gutt gefëllten Tiitchen.

Heiansdo huet den Housecker awer och eng kleng Rutt ausgedeelt.

MERCI KLEESCHEN, bis dat anert Joer!