15.11.2018

Vum 1. Januar 2019 un ass

' AXA LUXEMBOURG ' deen neien LIGA-SPONSOR vun der FLH.

 Nationaldivisiounen vun den Dammen an Hären heeschen dann

" AXA League ".

 De Kontrakt mat AXA leeft während  3 Saisonen.

19.10.2018

FLH-LÄNNERMÄTSCHER (Hären an Dammen)

20.03.2018

Éischten ' We love Handball ' - DAG an der COQUE

D'Lëtzebuerger Handballfederatioun hat e Sonndeg den 11. Mäerz op den 1. ' We love handball ' Dag an der Arena vun der Coque invitéiert. Sämtlech Veräiner vun der FLH ware mat mindestens enger Equippe vertrueden, an esou waren iwwer 350 Kanner (42 Equippen) vu muerges 10:00 bis 17:00 um Dill vir an Ateliers (U7) oder an Turnéieren (U10 an U12) hire Liiblingssport auszeüben.

Bei dëser Geleeënheet hu mir eise neie Maskottche virgestallt an och huet eise President den Dr. Romain Schockmel zesumme mam Tony Czajor Marketing Direkter vu ' We love to travel ' vum Sales-Lentz Group de Kontrakt mat eisem neie Partner ënnerschriwwen.

' We love to travel ' ass dann elo fir déi nächst 3 Joer de Ligasponsor an de Jugendkategorien (U7 bis U12) vun der FLH.

Fir de Jugend- a Kannnerhandball besonnesch erauszestiechen huet Federatioun e neien Internet-Site (www.welovehandball.lu) lancéiert, wou een de Programm a Fotoe vun all de Jugend-Turnéier fanne wäert.

 

Des photos de l'évènement peuvent être téléchargées sur le lien : https://wetransfer.com/downloads/7382fb91aee5957efbf33611f3d55f4720180320102147/d6509ccb9cc0608264657a5b5376966d20180320102147/c24b0c

 

SLOVAKEI: MÄNNER-NATIONALEQUIPE ZU PÉITENG

RUSSESCH MÄNNER-NATIONALEQUIPE ZU PÉITENG


SAISON 2017/2018 GEET LASS!