E V E N T S

¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨¨

10.09.2019

Grouss Zeremonie fir de 75. Anniversaire vun der Liberatioun

Lëtzebuerg gouf viru 75 Joer vun de Nazie befreit. Den 10te September gëtt hei am Land d‘Libératioun duerch d’Alliéiert offiziell gefeiert.

Et war awer de 9te September 1944, wéi déi éischt US-amerikanesch Unitéiten zu Péiteng a Lëtzebuerg agedronge waren. Et war do en anere Spektakel wéi an der Stad, am Süde vum Land koum et nämlech nach zu Gefechter.

Dowéinst war e Méindeg zu Péiteng eng grouss Zeremonie fir un de 75. Anniversaire vun der Liberatioun ze denken. De Gand-Duc Henri gouf zu Péiteng emfaang duerch de Buergermeeschter Pierre Mellina, dem Chamberpresident Fernand Etgen a fir d’Regierung d’Inneministesch Taina Bofferding. Mat dobäi waren och eng Rei Deputéiert an déi US, britesch, däitsch an éisträichesch Ambassadeuren.

.......................  RTL

De Cortège ass vum Staathaus fort bis zur WAX-Millen gaangen, wou un d'Befreiung vu Péiteng geduecht gouf.

Och den 'HB Péiteng' war duerch de President J.-Cl. Muller, de Comitésmember Patrick Thinnes an duerch säi Fändel bei dëser Feierlechkeet vertrueden.

08.09.2019

Och beim "75. Anniversaire vun der Befreiung" huet den 'HB Péiteng' mat engem Stand matgemaach

08.09.2019

National - 9. September 1944

Zäitzeie schwätzt iwwer Péitenger Befreiung

 

Vum Pierre Jans (Radio)|Update: 07.09.2019 19:04

liesen + kucken ....


26.08.2019

TORNADO PEITENG/KÄERJENG

Den 'HB Péiteng' ënnerstëtzt déi Betraffe vum Tornado a war e Samschden 24. August um Benefizconcert mat engem Stand present.
All d'Suen, déi beim Verkaf vun den Hamburger a Fritten erakomm sinn,  ginn natierlech un de Veräin "Fir e gudden Zweck - Gemeng Péiteng".

 

MERCI villmools allen HBP-Memberen a Fräiwëllegen, déi dem 'HB Péiteng' no stinn.


20. wisi-CUP 2019

 

WOU gëtt den ' 20. WISI-CUP ' gespillt?