08.12.2020

1. Victoire fir den 'HB Péiteng' an der AXA League

Chev Dikrech - HB Péiteng 21:23 (8:15)

D'Lokalekipp vun Dikrech huet am Ufank guer net an de Match fonnt a sou stoung et no 10 Minutten iwwerraschend 5:0 fir de Gaascht vu Péiteng, deen eng staark 6:0 Verteidigung mat engem gudden Ivan Pavlovic am Gol gespillt huet. Och am Ugrëff ass den HBP intelligent opgetrueden an huet mat prâzise Wërf den Ecart uwuese geloos. Duerno ass den Chev da lues a lues erwächt, trotzdeem ass et net gelongen de Réckstand opzehuelen. Mat engem klore 15:8 fir den HB Péiteng ass et also an d'Paus gaangen.

An der zweeter Hallschent vum Match huet Dikrech dann un Tempo zougeluecht, huet eng duebel Manndeckung gespillt an ass souguer bis op ee Gol nees erukomm. Déi rout Kaart géint den Gyafras an der 36 Minutt huet d'Ugrëffsspill vun deene Péitenger handikapéiert. Duerch eng ganz gutt kämpferesch Leeschtung an engem nach êmmer secheren Golkip Pavlovic krut den 'HB Péiteng' awer déi knapp Féierung verdeedegt. Den 23. Gol vum Istvan Nagy an der 59'27'' huet d'Ëntscheedung bruecht an esou gewënnt den HBP mat 23:21 zu Dikrech, déi ze spéit an de Match fonnt hunn.