Den 'HB Péiteng 1' qualifizéiert sech fir den 'Titel Play-off'

D'Hären 1 vum 'HB Péiteng' hun de Samschdeg Owend (20.01.18) zu Schëffleng mat 33-36 gewonnen a stinn domat am 'TITEL PLAY-OFF' vun der 'Hären-Nationaldivisioun'.

Fir déi zwou Equippen war et ee ganz wichtege Mätsch. Fir den 'HBC Schëffleng' war et déi leschte Méiglechkeet, sech eventuell dach nach fir den 'Titel Play-Off' ze qualifizéieren. Den 'HB Péiteng' konnt mat enger Victoire definitiv seng Plaz am 'Titel Play-Off' ofsécheren.

Déi vill Zuschauer zu Schëffleng hunn ee spannenden Mätsch erliewt, an deem esou wuel d'Haushären ewéi och den HBP Nues vir haten. Béid Equippen hunn sech näischt geschenkt an bis déi 60. Minutt alles ginn. Et ass mam Resultat hin an hier gaang. Schlussendlech konnt den HBP an deenen leschte Minutten de Mâtsch zu senge Gonschten entscheeden.
Beschte Buteur beim HBP war de Petrit Cakaj mat 9 Goaler, virum Radek Horak an David Gyafras mat jeeweils 7 Goaler. Ervirzesträichen ass och nach déi gutt Leeschtung vum Péitenger Goalkipp Ivan Pavlovic, deen den blesséierten Sedin Zuzo ganz gutt vertrueden huet.

Beim 'HBC Schëffleng' huet den Alexandru Cioban déi meeschte Goaler (11) geschoss.

FELICITATIOUNEN un d'Equipe an de ganze Staff! BRAVO!