19.10.2018

FLH-LÄNNERMÄTSCHER (Hären an Dammen)

Hären-Nationalequipe vun LITAUEN
Hären-Nationalequipe vun LITAUEN

Eis Nationalequippe spillen d'nächst Woch verschidde Frëndschaftsmatcher fir sech op hir nächst Aufgabe virzebereeden.

 

D'Häre spillen Méindes den 22. Oktober um 19:30 Auer zu Bouneweg géint Litauen. Litauen notzen dëse Frendschaftsmatch fir sech op hire Qualifikatiounsmatch am Kader vun der Euro 2020 géint Frankräich (den 25.10.2018 zu Aix-en-Provence) virzebereeden.

 

Duerno sinn eis Hären vum 24. bis den 27. Oktober zu Ahlen an engem Stage wou si dann de 25. Oktober op den ASV Hamm-Westfalen treffen. Hamm-Westfalen ass aktuel déi 5. an der 2. Däitscher Bundesliga.

 

Eis Damme-Nationalequippe spillt hierersäits zwee Frëndschaftsmatcher géint d'Dammen aus dem Kosovo. Déi kosovaresch Nationalequippe gëtt vum Agron Shabani träinéiert. Den 1. Match ass Freides 26. Oktober um 19:30 Auer zu Gréiwemaacher op Flohr. Samschdeg de 27. ass dann deen 2. Match um 18:00 Auer zu Käerjeng um Dribbel.