03.06.2018

' NUIT DU SPORT 2018 '

Um Samschdeg 2. Juni 2018 hat Gemeng  Péiteng mat 17 Sports-Veräiner vun 15h00 bis 22h00 ' NUIT du SPORT ' am an beim 'CS Bim Diederich' zu Péiteng organiséiert.

Vill Kanner an Erwuessener hunn bei den Atelieren matgemaach an hunn esou  verschidden Sportarten fir d'éischte Kéier an hirem Liewen ausprobéiert.

Och beim HBP-Atelier an der ANNEXE war vill lass. Um Parking dobaussen waren Optrëtter vu Veräiner, fir Iessen a Gedrénks war och gesuergt. Radio ' Péiteng on Air ' huet de ganzen Dag iwwer d'Musek geliwwert.