SAISON 2017/2018 geet lass!

An engem flotte Kader huet d'FLH Mëttwochs, den 6. September  zum Season-Opening am Melusina all d'Veräiner agelueden. Dobäi konnten sech net nëmmen déi néi Trainere presentéieren, mais och déi néi Uniforme vun den Equippe goufen deels gewisen. Derniewt goufen et vill Informatiounen fir déi néi Saison, a mat Clausel an Domaine Kox konnten 2 néi Sponsore virgestallt ginn. Derbäi komm as d'Verlängerung mat der Loterie Nationale fir de Naming vun der Loterie Nationale Coupe de Luxembourg. Bescht Scorer si ginn d'Tanja Nykytenko bei den Dammen an den David Gyafras bei den Hären. MVP vun der Sales-Lentz League goufen d'Tanja Nykytenko vum HB Museldall an de Martin Muller vum Handball Esch. Da gouf et nach d'Informatioun dass de néien techneschen Direkter bis op weideres d'A-Nationalequipe iwwerhëllt. E grousse Merci un all d'Veräiner fir e flotten Owend mat vill interessante Gespréicher!


D'Fotoe vun dësem Event fannt dir an eiser Medie Galerie (http://www.flh.lu/index.php?site=page&id=gallery&galleryID=2454)